Eis roud Wäiner zeechnen sech virun Allem duerch hieren kräftegen "Kierper" aus. Se gin alleguerten am Inox Tank fermenteiert, an dono an Barrique maturéiert.Traditionell Cépagen aus der Toscana wéi Sangiovese, Canaiolo an Colorino ergin en en vollen an ronnen Wäin.
Esou eegenen sech Sangre oder Sangre Royal ganz gudd fir eng Pasta oder e Plat mat Fleesch ze begleeden, den Sangre Royal Riserva as en herrlechen Accompagnement fir e gudden Plateau Kéis.
Ganz stolz si mir op eisen haut de gamme Wäin Colpo di Grazia. Dësen gëtt an engem ganz speziellen Verfahren, mat enger Selektioun vun deenen beschten Drauwen produzéiert, di dono drëchnen gelooss gin, an duerch déi erreechten Konzentratioun en Wäin mat engem Alkoholgehalt vun bis zu 17%vol. erreechen. Dono kommen 24 Méint Lagerung an der Barrique an nach 12 Méint an der Fläsch.
