Eis wäiss Wäiner zeechnen sech virun Allem duerch hier Eleganz aus.
Fir den Diva gin traditionell Cépagen aus der Toscana wéi Vernaccia di San Gimignano, Trebbiano, Malvasia an San Colombano am Inox Tank fermenteiert, an dono an
Barrique maturéiert. Esou entsteht en sëffegen, liichten Wäin.
Fir den Diva Riserva gin vun den genannten Drauwen nëmmen di bescht ausgewielt, an no enger 6-8 Méint laanger Fermentatioun an der Barrique nach weider 6 Méint an der Fläsch räifen gelooss.
Ganz stolz si mir op eisen neien 'haut de gamme' Wäin Colpo di Grazia Bianco. Dësen gëtt an engem ganz speziellen Verfahren, mat enger Selektioun vun deenen beschten Drauwen produzéiert, di dono drëchnen gelooss gin, an duerch déi erreechten Konzentratioun en Wäin mat engem erhéichten Alkoholgehalt erreechen. Dono kommen 6-8 Méint Maturatioun an der Barrique.